Gamer Things

By: Patrick Junio Mike Winter Marc Hermes Eldoradio
  • Summary

  • Dräi Gaming Nerds setzen sech zesummen a philosophéieren doriwwer wat grad alles an der Gamingwelt geschitt. Zousätzlech dozou erzielen si iech wat all Mount am PS Plus ze kréien ass a wéi eng Pärelen sech all Mount am XBOX GamePass befannen. Wann dir dann och nach déi eng oder di aner Review héiere wëllt, da sidd dir beim Petz, Marc a Winmi genau richteg.
    Eldoradio
    Show More Show Less
Episodes
  • Episod 90 - Xbox enttäuscht a Nintendo presentéiert Switch 2
    Jan 29 2025
    Xbox huet seng Fans enttäuscht a Nintendo huet seng Fans glécklech gemaach. D'Xboxhuet senge Fans eng Developer Direct presentéiert, mee leider konnt déi net wierklechiwwerzeegen. Dofir huet Nintendo endlech déi nei Switch presentéiert. Dat an nach villes méi an der neier Episod vu Gamer Things.
    Show More Show Less
    1 hr and 14 mins
  • Episod 89 - Marvel Rivals an Elon Musk
    Jan 15 2025
    MARVEL RIVALS gëtt fantastesch an den ELON MUSK-Skandal gouf opgedeckt! Marvel Rivals huet hir 1. Staffel presentéiert an dat direkt mol mat zwee vun de Fantastic Four Charakteren. Dem Petz gefält natierlech sech kenne laang a schlank ze maachen. Call of Duty huet aktuell Problemer domat hir Spillerbasen ze behalen. An huet de räichste Mann vun der Welt sech beim Streame vu Path of Exile 2 blaméiert?
    Show More Show Less
    1 hr and 18 mins
  • Episod 88 - Déi grouss Zeréckkuck 2024
    Jan 1 2025
    D'Jonge vu Gamer Things hunn dat lescht Joer Revue passéiere gelooss. VILL LUCK+20 AM NEIE JOER! Mir hunn et iergendwéi gepackt: 2024 ass eriwwer a mir kucken zeréck op d'High- a Lowlights vun de leschten 12 Méint. E bëssen After-Christmas-Gelabbers dierf natierlech och net feelen. Mir hoffen du has ee gudde Rutsch a mir freeën eis drop dech och 2025 weiderhin amüsant iwwert Gamingwelt z'informéieren. GG De ganzen Detail gëtt et fir dech an der neier Episod vu Gamer Things.
    Show More Show Less
    1 hr and 12 mins

What listeners say about Gamer Things

Average customer ratings

Reviews - Please select the tabs below to change the source of reviews.